Vernissage – Les couleurs de la sidérurgie & Beautés éphémères
Eng Fotosausstellung am REWA „Résidence Op der Waassertrap“ zu Belval. D’Ausstellung weist zwou Serien: „Les couleurs de la sidérurgie“, déi d’Kraaft an d’Faarwe vun der Stolindustrie afänkt, an „Beautés éphémères“, eng poetesch Serie iwwer vergänglech Schéinheet.