Ausstellungen

Wou eis Biller gewise goufen.

Eglise Sainte-Barbe Lasauvage

01.05.2026 bis 03.05.2026

Eng flott Fotoausstellung an der Eglise Sainte-Barbe zu Lasauvage, wou mer eng Auswiel vu Biller a verschiddene Stiler presentéiert. De Vernissage gëtt den 2. Mee 2026 um 17:00 Auer vun engem akustesche Concert vum South Unplugged Trio begleet.

Rewa Résidence op der Wassertrap Bieles

20.04.2026 bis 23.08.2026

De Photo-Club Déifferdeng invitéiert op seng Expo an der REWA „Résidence Op der Waassertrap“ zu Bieles. Vum 20. Abrëll bis den 23. August 2026 ass eng Auswiel vu Fotoaarbechte vun eise Memberen do ze gesinn. De Vernissage ass de 7. Mee 2026 um 17:30 Auer.

Rewa Résidence op der Wassertrap Bieles

26.02.2026 bis 01.04.2026

Eng Fotosausstellung am REWA „Résidence Op der Waassertrap“ zu Belval. D’Ausstellung weist zwou Serien: „Les couleurs de la sidérurgie“, déi d’Kraaft an d’Faarwe vun der Stolindustrie afänkt, an „Beautés éphémères“, eng poetesch Serie iwwer vergänglech Schéinheet.

Saulnes

06.02.2026 bis 09.02.2026

De Photo-Club Déifferdeng war bei der Vernissage vun der Expo zu Saulnes dobäi, wou d'Brigitte, de Frank, de Jean-Claude, de Mario an de John hier fotografesch Aarbechten an engem frëndlechen a kreativen Kader presentéiert hunn.