Visite am Parc Animalier Sainte-Croix
E puer vun eise Memberen haten d’Geleeënheet, de Parc Animalier de Sainte-Croix ze besichen – eng immens flott Destinatioun fir Natur- a Déierefotografie. Am Parc, deen op grouss natierlech Liewensraim setzt, konnte mir vill spannend Motiver afänken: Wëllef, Réi, Luchsen an nach vill aner Déieren an enger bal fräier Ëmgéigend. Dat mécht et net ëmmer einfach – mee genee dat mécht den Challenge an de Reiz aus.