Jores Ofschloss Iessen bei der Giedel, Fonds-de-Gras
Mat engem gemittlechen Ofschloss-Owend bei der Giedel am Fonds-de-Gras hu mer d’Joer feierlech ausklénge gelooss.
Vergaangen Aktivitéiten
Mat engem gemittlechen Ofschloss-Owend bei der Giedel am Fonds-de-Gras hu mer d’Joer feierlech ausklénge gelooss.
Membere vum Photo-Club Déifferdeng hunn d'Dierfer vun der Gemeng fotograféiert, fir der Ville de Differdange eng Auswiel fir eng permanent Ausstellung ze bidden.
E kreativen Fotoworkshop mam Mariola: Portrait-Übungen am Studio an Outdoor-Shoots op verschiddene Plazen. Vill Praxis, gutt Stëmmung, staark Resultater.
D’PCD-Ausstellung 2025 huet rëm gewisen, wéi vill Kreativitéit an eiser Regioun stécht. Iwwer vill verschidde Themen a Stiler hunn d’Memberen an d’Participanten hir beschte Wierker gewisen. Am Kader vum Concours goufen déi staarkst Fotoen ausgezeechent – en flotten Vernissage mat vill Visiteuren an engem schéinen Owend fir d’Fotokonscht zu Déifferdeng.